Mandats-Trennung: D’ADR mengt et eescht!

Op eemol gouf et ganz roueg an der Chamber: Kee Wonner, datt sech déi grouss Parteie bei der Interventioun vum Fernand Kartheiser genéiert hunn. Och si schwätze scho laang vun der Mandats-Trennung. Nodeems si awer selwer dovu betraff sinn, wëllen si natierlech näischt maachen. A senger Interventioun vum 8. Februar schwätzt den Fraktiounschef dofir Kloertext: D’Mandat vum Schäffen oder Buergermeeschter ass net kompatibel mam Deputéiertemandat – d’Realitéit an der Chamber weist dat! An deem Kontext huet d’ADR dann och eng Resolutioun an der Chamber deposéiert.

Deel dëse Post: