Mam Burkini an d’Schwemm…

De Burkini, also eng Burka fir ze schwammen, ass ee kontroverst Thema zu Lëtzebuerg, wéi och an aneren europäesche Länner. Mat der Schwammsaison gëtt dat Thema ëmmer op en Neits diskutéiert, an dobäi kommen ënnerschiddlech Perzeptiounen zum Ausdrock: fir déi eng Leit erlaabt et de Burkini muslimesche Fraen, trotz strenge reliéise Virschrëften, an d’Schwemm ze goen an doduerch eppes fir hir Gesondheet ze maachen. Fir déi aner ass de Burkini een Ausdrock vun Ënnerdréckung, feelplatzéiert an enger oppener Gesellschaft. Zu Lëtzebuerg ass d’Droe vun engem Burkini gesetzlech weder verbueden nach erlaabt. Déi staatlech Instanze verweisen dohier op Nofro hi grondsätzlech op d’Responsabilitéit vun de Gemengen.

D’Gemenge selwer sinn awer dacks iwwerfuerdert, wat den Ëmgank mat dësem Kleedungsstéck ugeet. Zu Gréiwemaacher ass de Burkini an der ëffentlecher Schwemm zougelooss, obschonns d’Reglement, dat an der Schwemm aushänkt, festleet: “Le port d’un maillot de bain conforme aux bonnes moeurs est obligatoire. Pour des raisons d’hygiène, le port de shorts ou bermudas jusqu’aux genous est interdit. Il relève de la compétence des maîtres-nageurs de juger si le maillot de bain est conforme ou non.”

Hu muslimesch Frae méi Rechter wéi “normal” Schwammgäscht?

 

Deel dëse Post: