Lycée Déifferdeng: Jo op Lëtzebuergesch

De Gesetzprojet iwwer d’Ecole internationale, déi soll zu Déifferdeng gebaut ginn, war de 19. November an der Chamber. De Fernand Kartheiser huet de Bau vun engem Lycée an der drëttgréisster Stad vum Land begréisst. Just mam Konzept vun der Ecole internationale, dee nach nët ganz kloer ass, huet hie Problemer. Sou insistéiert de Fernand Kartheiser op d’Lëtzebuerger Sprooch: esouwuel als Schoulfach wéi och als Integratiounssprooch.

Doriwwer eraus mëcht hien en aner interessante Virschlag: Am Lëtzebuerger Schoulsystem gi vill wichteg Sproochen enseignéiert. Mä de Fernand Kartheiser vermësst eng Ouverture zum Oste vun Europa, déi iwwer de Wee vum Russesche kéint gemaach ginn.

Deel dëse Post: