“Luxembourg Science Center”: ADR freet gemeinsam Sëtzung vu Schoulkommissioun a Comexbu un

Am Zesummenhang mat der Kritik um “Luxembourg Science Center” huet d’ADR-Fraktioun de 7.3.23 eng gemeinsam Sëtzung vu Schoulkommissioun a Comexbu ugefrot.

Hei ass de Bréif un de Chamberpresident:

Här President,

heimadder freet de parlamentaresche Grupp vun der ADR eng gemeinsam Sëtzung vun der Schoulkommissioun a vun der Commission du Contrôle de l’Exécution budgétaire, fir iwwert déi rezent Kritiken am Zesummenhang mam „Luxembourg Science Center“ ze beroden.

Dem „Luxembourg Science Center“, deen haaptsëchlech vum Staat finanzéiert gëtt – de Schoulministère huet säit 2017 ronn 21 Milliounen Euro an dës Institutioun investéiert –, gëtt reprochéiert, déi him zur Verfügung gestallte finanziell Mëttelen zu engem groussen Deel an onduerchsiichteg auslännesch Firmen unzeleeën. Besonnesch den Direkter vum „Luxembourg Science Center“ ass massiver Kritik vu Säite vun de Medien ausgesat, wat dozou gefouert huet, datt den Här Schoulminister d’Finanzinspektioun ageschalt huet, fir dës Situatioun ze analyséieren.

De parlamentaresche Grupp vun der ADR ass déif besuergt iwwer d’Aart a Weis, wéi den „Luxembourg Science Center“ d’Geld vun de Steierzueler uleet. Fir iwwer dëse Problem  ze schwätzen, ass d’Presenz vum Här Schoulminister bei dëser gemeinsamer Kommissiounssëtzung onerlässlech.

 Mat beschte Gréiss

Signéiert: Fred Keup a Fernand Kartheiser

Deel dëse Post: