Lo gi scho Kannerfilmer zenséiert…

Am Kader vun der Ukrainkris weist d’Regierung alt nees eng Kéier, wat si tatsächlech vun eise vill beschwuerene Wäerter hält. Nämlech guer näischt. Um “Luxfilmfest” sinn no Ofsprooch mat der Regierung sämtlech Wierker vu russesche Kënschtler, dorënner och Kannerfilmer aus dem Programm gestrach ginn. Kultur- a Konschtfräiheet gëllen offenbar nëmme fir Leit, déi 100 Prozent op der Linn vun eiser Regierung leien. An dat gëllt och onofhängeg vun hirer perséinlecher Haltung, wann si de Pech hunn, aus engem Staat ze kommen, mat deem senger Administratioun d’Lëtzebuerger Regierung ablécklech eben net averstanen ass. Gesäit sou eng diplomatesch Léisung vum Konflikt aus?

Deel dëse Post: