Lipödem: D’Behandlung zu Lëtzebuerg …

Lipödem ass eng Erkrankung, déi gekennzeechent ass duerch eng Fettverdeelungsstéierung an de Been an an den Äerm. Déi betraffe Leit leiden duerch staark Péng, Spannungsgefiller a Middegkeet an de Been an hu Beweegungsschwieregkeeten. D’Krankheet kann net vollstänneg geheelt ginn, awer de Verlaf kann däitlech moderéiert ginn, besonnesch bei enger fréi gemaachter Operatioun.

Wéi vill Leit zu Lëtzebuerg si betraff? A wéi steet et ëm d’Remboursementer vun der néideger Behandlung? Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg a wat kéint ee besser maachen, fir deene betraffene Leit ze hëllefen? D’Deputéierte Jeff Engelen a Fred Keup froen d’Gesondheetsministesch an de Minister fir sozial Sécherheet.

 

Deel dëse Post: