Liewensmëttelknappheet duerch Bio-Ethanol?

Liewensmëttelknappheet och duerch Lëtzebuerger Bio-Ethanol: De Jeff Engelen a Fernand Kartheiser wëlle méi gewuer ginn!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Zenter dem Joer 2019 enthält de Bensinn op de Lëtzebuerger Tankstellen en Undeel vun 10 Prozent u Bio-Ethanol. Och den Diesel ka mat Bio-Ethanol versat sinn. Fir d’Hierstelle vu Bio-Ethanol mussen awer landwirtschaftlech Fläche genotzt ginn.

Dëst ass am Kontext vun den Diskussiounen, datt Lëtzebuerg am Kader vun internationale Krise méi onofhängeg soll ginn, wat d’Produktioun vu Liewensmëttel ugeet, awer net onproblematesch, well d’Produktioun vu Liewensmëttel jo och flächenintensiv ass.

An deem Zesummenhang hätte mir folgend Froen un d’Regierung:

  1. Ginn zu Lëtzebuerg scho landwirtschaftlech brauchbar Fläche genotzt, fir Bio-Ethanol hierzestellen? Wa jo, wéi vill Prozent vun de landwirtschaftlech brauchbare Fläche gi fir d’Hierstelle vu Bio-Ethanol genotzt?
  2. Am Fall wou de Bio-Ethanol, deen zu Lëtzebuerg op den Tankstellen ugebuede gëtt, zumindest zum Deel  och aus aneren Länner – sief dat europäesch Länner oder weltwäit – kënnt: Aus wéi enge Länner kënnt de Bio-Ethanol, deen eisem Kraaftstoff bäigemëscht ass? Wéi vill Prozent vun de landwirtschaftlech benotzbare Fläche ginn – opgeschlësselt no deene jeeweilege Länner – fir d’Hierstelle vu Bio-Ethanol gebraucht?
  3. Kann d’Regierung ausschléissen, datt an deene jeeweilege Länner d’Notze vu landwirtschaftleche Fläche fir d’Hierstelle vu Bio-Ethanol net an engem ongesonde Mooss mat dem Notze vu landwirtschaftleche Fläche fir d’Hierstelle vu Liewensmëttel konkurréiert – well jo d’Ernierung vun der Bevëlkerung Prioritéit huet? Kann d’Regierung dëst fir all eenzelt Land, wat Bio-Ethanol produzéiert, deen och an d’Lëtzebuerger Versuergunskette kënnt, ausschléissen?
  4. Kann d’Regierung ausschléissen, datt et an deene jeeweilege Länner zu kengem Zäitpunkt zu enger disproportionéierter Deierecht vu Liewensmëttel duerch d’Hierstelle vu Bio-Ethanol kënnt, déi d’Ernierung vun der Bevëlkerung, besonnesch, wat déi Äermst an der Bevëlkerung ugeet, a Gefor bréngt? Kann d’Regierung dëst fir all eenzelt Land, wat Bio-Ethanol produzéiert, deen och an d’Lëtzebuerger Versuergunskette kënnt, ausschléissen?
Deel dëse Post: