Lieshëllef: Wat ass mat lëtzebuergeschen Texter?

Mënschen, déi blann sinn oder ganz schlecht gesinn, kënne sech mat enger Lieshëllef Zougang zu Texter verschafen. Déi Lieshëllef-Systemer, déi hei am Land am meeschte gebraucht ginn, sinn amstand vill Sproochen ze erkennen a virzeliesen, awer kee Lëtzebuergesch. De Fernand Kartheiser wëllt an enger parlamentarescher Fro wëssen, wéi d’Regierung dës Situatioun gesäit, an ob si bereet ass, eng Léisung dofir ze sichen an ze ënnerstëtzen.

Deel dëse Post: