Licence Unique am Sport

Dir fannt déi mëndlech Fro vum honorabelen Députéierte Jeff Engelen iwwer ”d’Licence Unique” am Sport.

Här President,

Dës Fro adresséiert sech un den Här Sportsminister.

Duerch d’Corona-Kris hunn d’Sportveräiner duerch d’Verléiere vu ville Lizenze massiv gelidden. Sport ass e Schlësselelement fir d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun de Mënschen, esouwuel fir Fräizäit- an Amateursportler wéi och fir professionell Athleten. Fir de Sport hei am Land erëm ze beliewen, sinn d’Veräiner op hir Basis ugewisen. Si brauche Mëttelen, fir d’Leit unzezéien an hinnen de Wonsch ze ginn, fir sech an de Veräiner anzeschreiwen.
Dem COSL no, (Artikel “Vereinssterben, Safeguarding, Olympia und ein Jubiläum” am tageblatt vum 27.3.2023) géif et awer kee Sënn maachen, eng “licence unique” anzeféieren.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, eng ‘’licence unique’’ fir Leit, déi sech a Veräiner aschreiwe wëllen, anzeféieren, fir d’Attraktivitéit vum Sport no dräi Joer Gesondheetskris erëm ze erhéijen?
  • Wier et fir d’Regierung envisageabel, wann een Accord géif kommen, de Veräiner d’Mëttelen ze ginn, fir medezinesch Rendez-vouse fir hir Membere selwer ze planifiéieren, fir doduerch laang Waardezäiten ze vermeiden?

Dir fannt hei den Link vun der Ried.

Deel dëse Post: