Lexy Schoos: Wunnraum schafe mat Verstand!

Wann de Staat Wunnraum schafe wëll, däerf dat net op Käschte vun de Gemenge goen, esou d’Lexy Schoos an hirer Interventioun vum 19. Dezember. Dacks denkt de Staat nämlech vill ze kuerzfristeg: D’Gemenge sollen – och wann si den Terrain zur Verfügung gestallt kréien – séier bauen an domat Wunnraum schafen. Ee vun den Haaptproblemer dobäi ass, datt d’Gemengen et op déi kuerz Zäit dacks net packen, hir Infrastrukturen unzepassen. Déi nei Awunner kënnen deemno net oder just limitéiert op déi néideg Servicer, Déngschtleeschtungen an Aktivitéiten zeréckgräifen, déi eng liewenswäert Gemeng ausmaachen. Datt sech duerch den onkontrolléierte Wuesstem méi a méi Leit iwwerhaapt kee Wunnraum méi zu Lëtzebuerg kënne leeschten, ass iwwerdeems bekannt. D’Ost-Deputéiert erënnert an deem Kontext un eng laangjäreg Fuerderung vun der ADR, datt de Staat deene Leit, déi Schwieregkeeten hunn, eng éischte Kéier Proprietär ze ginn, bei de Bankgarantien entgéint komme sollt.

Deel dëse Post: