Lëtzebuergeschcoursen am Grenzgebitt

Am Collège Général de Gaulle zu Sierck-les-Bain, no bei Schengen, goufen zanter 1996 Lëtzebuergeschcoursën ugebueden. Um Schluss hunn ronn 250 Schüler vun der 6e bis d’3e dorunner deel geholl. Wëll den Enseignant, deen dës Course gëtt, a Pensioun geet a keen Ersatz bis elo fonnt gouf, sollten d’Lëtzebuergeschcourse bei der Rentrée ofgeschaf ginn.

Dowéinst huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt, wou ënner anerem d’Suggestioun gemaach gëtt, esou Coursen am Grenzgebitt ze ënnerstëtzen, zum Beispill iwwer de Wee vun engem Detachement vun engem lëtzebuergeschen Enseignant. De Schoulminister huet zwar keng Solutioun fir d’Situatioun vu Sierck, gëtt awer eng Rëtsch interessant Detailler iwwer Lëtzebuergesch-Coursën an der Grenzregioun.

Deel dëse Post: