
Lëtzebuergesch verschwënnt méi a méi aus dem Alldag!
A senger Interventioun vum 18. Januar geet de Fred Keup op traureg Entwécklungen an am Hibléck op d’Lëtzebuerger Sprooch. Dës verschwënnt méi a méi aus dem Alldag an an eise Stied – besonnesch an der Stad Lëtzebuerg, awer och am Süden – héiert ee Lëtzebuergesch just nach seelen. Vu 400.000 Leit, déi sech hei am Land ophalen an d’Sprooch net kënnen, besiche just ronn 2,5 Prozent Lëtzebuergesch-Coursen.
Dëst geet esou wäit, datt vill Lëtzebuergesch scho prophylaktesch am Alldag mat hire Matmënschen, z.B. am Buttek, franséisch schwätzen, well si scho guer net méi dovunner ausginn, datt hire Géigeniwwer iwwerhaapt nach Lëtzebuergesch schwätzt – eng traureg Entwécklung, vun där vill vun de Chamber-Deputéierten awer näischt wësse wëllen a sou monter weider un der Francophoniséierung vu Lëtzebuerg schaffen.
Kalenner
Dëst kéint Iech och interesséieren
- Energieembargo géint Russland - Wourop mussen eis Betriber sech astellen?
- Absurd Regierungspolitik beim Biokraaftstoff!
- Affaire “Chefredakter vum Tageblatt”: Parquet gëtt Deputéierten Recht an verwarnt de Chefredakter vum Tageblatt
- Dat neit Offallgesetz ass net sënnvoll!
- Eng Affär mat Explosiounskraaft ...