Firwat kee Lëtzebuergesch méi um Findel?

Lëtzebuergesch ass als Gebrauchssprooch um Findel ganz verschwonnen. Souguer d’Lautsprecherannoncen ginn net méi op Lëtzebuergesch virgeholl. Wat bedeit dat fir déi Leit, déi déi aner Sproochen net gutt beherrschen, besonnesch wou d’Annoncen oft schonn akkustesch schwéier ze verstoe sinn. A wier et net grad um Findel, enger Plaz vu sou enger diverser internationaler Begéinung wichteg, eis Sprooch als wichteg Kulturgutt héichzehalen?

Deel dëse Post: