Ëmmer méi Leit beschwéiere sech driwwer, datt ee bei Luxair-Flich op Bordpersonal stéisst, dat just nach rudimentär Lëtzebuergesch kann. Eis Deputéiert Alexandra Schoos, Jeff Engelen a Fred Keup froe bei der Regierung no.
Fro:
Wéi een aus rezenten Offres d’emploi erausliese kann (Moovijob.comCabinCrew24Aeronews Global Jobs), fuerdert eis national Fluchgesellschaft beim Rekrutéiere vu Bordpersonal keng detailléiert Lëtzebuergesch-Kenntnisser als Viraussetzung, mee just rudimentär Lëtzebuergesch-Kenntnisser als Pluspunkt: “Desired or to be acquired criteria: (…) Have a basic knowledge of Luxembourgish.”
D‘Haaptsprooche sinn Englesch, Franséisch an Däitsch. Dat féiert dann zwangsleefeg dozou, datt bei Flich vun eiser nationaler Fluchgesellschaft d’Bordpersonal oft guer kee Lëtzebuergesch kann, oder just op engem ganz schwaachen Niveau.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:
- Lëtzebuergesch war fréier ëmmer e ganz wichtege Krittär bei eiser nationaler Fluchgesellschaft, an elo net méi: Firwat léisst d’Luxair als Lëtzebuerger national Fluchgesellschaft eis Nationalsprooch falen?
- Wéi bewäert d‘Regierung d‘Entscheedung vun eiser nationaler Fluchgesellschaft, fir Lëtzebuergesch just nach als „Pluspunkt“ beim Rekrutéiere vu Bordpersonal anzestufen? Gouf et dozou eng Consultatioun mam Staat als Haaptaktionär?
- Leien der Regierung Zuele vir, déi beleeën, wéi vill Prozent vum Bordpersonal bei de Flich vun eiser nationaler Fluchgesellschaft Lëtzebuergesch als “Mammesprooch”, bzw. als Haaptsprooch schwätzen? Wéi huet sech dëse Prozentsaz an de leschten zéng Joer entwéckelt? Wéi vill Leit, déi als Bordpersonal engagéiert sinn, kënnen iwwerhaapt nach Lëtzebuergesch?
- Wéi soll séchergestallt ginn, dass lëtzebuergeschsproocheg Passagéier, virun allem déi eeler Leit an déi an engem Noutfall, sech weiderhin an hirer Sprooch verstännege kënnen, wann d’Bordpersonal dës Sprooch net oder just rudimentär beherrscht?
Foto Copyright: Pixabay