Datt e Lëtzebuerger Sportveräin an der Generalversammlung vun engem Lëtzebuerger Sportverband verbuede kritt, op Lëtzebuergesch ze schwätzen, ass fir d’Alexandra Schoos, de Fred Keup an de Jeff Engelen Grond genuch, fir puer Froen un d’Regierung ze stellen.
Fro:
Aus gutt informéierte Kreesser ass eis zu Ouere komm, datt d’Vertrieder vun engem Lëtzebuerger Sportveräin säit Joren an der Generalversammlung vun hirer Federatioun verbuede kréien, Lëtzebuergesch ze schwätzen, well verschidde Membere vum Verwaltungsrot eis offiziell Landessprooch net géife beherrschen. Dëst geet, sou gouf eis gesot, esou wäit, datt ee Member vun der Federatioun carrement „dekretéieren“ géif, datt d’Vertrieder vum ernimmte Veräin net geäntwert kréien, wann si eppes op Lëtzebuergesch soen oder froen.
An deem Zesummenhang hu mir follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi bewäert d‘Regierung d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an nationale Sportfederatiounen, a konkret an de Generalversammlunge vu Lëtzebuerger Sportfederatiounen?
- Hält d‘Regierung et fir akzeptabel, dass Lëtzebuergesch an der Generalversammlung vun engem nationale Sportverband net geschwat däerf ginn?
- Gesäit d‘Regierung doran net e Widdersproch zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch als identitéitsstëftend Element vun der Gesellschaft?
Äntwert:
Den Theema Sport an Inklusioun vu Leit mat Migratiounshannergrond ass en aussergewéinlech interessant Fuerschungsfeld fir Historiker a Soziologen, dëst grad och hei zu Lëtzebuerg. Am Ufank vun hirem Aufsatz „Italienische“ Fußballvereine in Luxemburg zwischen Mythos und Realität. Am Beispiel von Jeunesse Esch und Alliance Dudelange ginn déi zwee Auteure Jean Kelter an Denis Scuto de franséische Soziolog Abelmalek Sayad follgendermoossen erëm: „Der Prozess [der Integration] selbst könne eigentlich nicht beschrieben werden, weil er ‚das gesamte soziale Wesen der betroffenen Personen (d. h. ihre gesamte Identität) und auch die Gesellschaft als Ganzes betrifft. Es ist ein kontinuierlicher Prozess, dem weder Anfang noch Ende zugeordnet werden kann, ein Prozess jedes Augenblicks des Lebens, jedes Aktes der Existenz.‘“ Spannend ass och den Auteuren hir Conclusioun: „Die Ankunft neuer Einwanderer*innen (hier: spanischen und portugiesischen), eine neue Alterität, beschleunigt die Integration und Akzeptanz der Nachkommen ehemaliger Einwanderer*innen (hier: Italiener*innen) durch die Aufnahmegesellschaft in Richtung einer neuen Identität.“
Et ass deemno eng Evidenz, datt de Sport, sozial Inklusioun an Interkulturalitéit staark matenee verbonne sinn. An deem Kontext sief nach ernimmt, dat munch Sportaarten eréischt mat der Immigratioun op Lëtzebuerg komm sinn. Als Beispiller kann een hei d’Boule-Spill an de Rugby nennen: De Cercle Bouliste et Culturel Belvaux-Metzerlach gouf 1964 haaptsächlech vu Leit mat italieeneschem Hannergrond gegrënnt an huet haut 700 Memberen. De Rugby Club de Luxembourg gouf 1973 vun engem Grupp britteschen Expatriates gegrënnt, ma stellt eng Mëschung vu Leit vun allen Nationalitéiten, Kulturen, Reliounen an eeben och Sproochen duer, woubäi de Veräi selwer houfreg drop hiweist, datt e schonns 20 Nationalitéiten um Terrain stoen hat. Allgemeng kann ee feststellen, datt besonnesch d’Kanner an déi Jugendlech vun de sportlechen Aktivitéite profitéieren, fir hir Lëtzebuergeschkompetenzen ze verbesseren. Ma dat gëllt och fir e sëllegen Erwuessener. An do sief och bemierkt, datt bei den zwee Lännermatcher vun der Fussballnationalekipp am Stadion Ufank September 2025 Supporter esouwuel ouni ewéi mat Migratiounshannergrond eis Rout Léiwen op Lëtzebuergesch ugefeiert an d’Lidder op Lëtzebuergesch matgesongen hunn.
Mat dësen Iwwerleeungen am Hannerkapp géife mir dann op d’Froe vun den honorabelen Deputéierten äntweren.
1. Wéi bewäert d’Regierung d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an nationale Sportfederatiounen, a konkret an de Generalversammlunge vu Lëtzebuerger Sportfederatiounen?
Et steet der Regierung net zou, de Sproochgebrauch an enger spezifescher Sportfederatioun ze bewäerten.
2. Hält d’Regierung et fir akzeptabel, dass Lëtzebuergesch an der Generalversammlung vun engem nationale Sportverband net geschwat däerf ginn?
D’Regierung huet weeder d’Méiglechkeet nach d’Intentioun, sech an de Sproochgebrauch vun enger spezifescher Sportfederatioun anzemëschen.
3. Gesäit d’Regierung doran net e Widdersproch zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch als identitéitsstëftend Element vun der Gesellschaft?
D’Regierung stellt mat grousser Freed fest, datt iwwer de Sport ganz vill Leit de Wee zur Lëtzebuerger Sprooch fannen, eng Entwécklung, déi een, wéi ugangs gesot, als „kontinuéierleche Prozess“ muss ugesinn.