Lëtzebuergesch gëtt an den ëffentlechen Europaschoulen zwar enseignéiert, spillt awer keng Roll bei der Berechnung vun der Moyenne vum Schüler. De Fred Keup stellt dozou eng parl. Fro un de Schoulminister.
Fro:
Den honorabelen Deputéierte Ricardo Marqués sot den 22. Januar 2025 a senger Ried zur Interpellatioun vun der honorabeler Deputéiert Francine Closener iwwer déi ëffentlech Europaschoulen: “Den Enseignement vun der Lëtzebuerger Sprooch an den ëffentlechen internationale Klassen ass eng essenziell Komponent vun der kultureller a virun allem sozialer Integratioun. An den ëffentlechen Europaschoule gehéiert den Unterrecht an der Lëtzebuerger Sprooch vum éischte Joer an der Grondschoul bis an dat drëtt Joer am Secondaire zum obligatoresche Programm. An anere Wierder: Eis Lëtzebuerger Sprooch ass am internationalen ëffentleche Lycée en obligatorescht Fach am Cycle inférieur vun S1-S3. Mee och wann dat Fach obligatoresch ass, zielt dat Fach net, fir d’Moyenne ze etabléieren. Ech wëll net all Schüler hei an en Dëppe geheien, mee meeschtens ass et sou: Wann s de bis weess, datt e Fach net fir d’Moyenne zielt, da geet d’Motivatioun vun de Schüler heiansdo ferm erof.”
An deem Kontext hunn ech follgend Fro un den Här Minister:
- Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt d’Fach Lëtzebuergesch am Cycle inférieur vun den ëffentlechen Europaschoule bei der Berechnung vun der Moyenne mat berécksiichtegt sollt ginn, fir op déi Aart a Weis d’Motivatioun vun de Schüler ze stäerken, eis Nationalsprooch esou grëndlech wéi méiglech ze léieren?