Lëtzebuergesch an Déiereschutz an d’Verfassung: ELO!

D’ADR stellt fest, datt d’CSV fir d’X’te Kéier betount huet, datt et an dëser Legislatur net méi zu engem Vott zur d’Propositioun iwwer déi néi Verfassung kënnt. Dowéinst erënnert d’ADR drun, datt si zwou punktuell Ännerunge vun der aktueller Constitutioun proposéiert huet déi an hiren An wichteg an dréngend sinn: d’Festschreiwe vun der Lëtzebuerger Sprooch a vum Déiereschutz. D’ADR verlaangt, datt dës zwou Propositiounen nach  dëst Joer den Deputéierten zur Ofstëmmung virgeluecht ginn.

Kloer ass, datt et nach e laange Wee ass, bis bei eng nei Verfassung. D’Fro, ob Lëtzebuerg eng nei Verfassung brauch, steet fir d’ADR nach op. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei ass der Meenung, datt déi aktuell Constitutioun gutt Déngschter leescht an, wann néideg, am beschten iwwert punktuell Ännerungen unzepassen ass.

Wéinst deenen aktuellen Entwécklungen, erënnert d’ADR un zwou wichteg Propositiounen fir Verfassungsännerungen déi si schonn an der Chamber deponéiert huet:

D’Propositioun 7069 vum Fernand Kartheiser betrëfft d’Lëtzebuerger Sprooch. Den Artikel 29 vun der Verfassung géif deemno festhalen: „La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande.“

Ënnert dem Drock vu ville Lëtzebuerger, mécht d’Gambia-Regierung op d’mannst, wéi wann se wéilt d’Lëtzebuerger Sprooch stäerken. Wann dëst eescht gemengt ass, misst dem Vote vun der Propositioun 7069 näischt am Wee stoen.

Och iwwert de Wäert vum Déiereschutz gëtt et e Konsensus an der Bevëlkerung. Och hei maachen all Parteien, wéi wann se dësen Thema wéilte positiv begleeden. Da soll si  w.e.g. Neel mat Käpp maachen, an d’Propositioun 6889 fir eng Verfassungsrevisioun vum Roy Reding ënnerstëtzen, déi den Artikel 11 mat dësem Saz vervollstännegt: „Il reconnaît aux animaux le statut d’êtres vivants doués de sensibilité et veille à protéger leur dignité et leur bien-être“.

D’ADR verlaangt, datt béid Propositioun esou séier wéi méiglech, op jiddefalls nach dëst  Joer, der Chamber zum éischte Vott virgeluecht gëtt, fir esou nach virun den nächste Chamberwalen definitiv an der Verfassung kënne verankert ze ginn.

Pressematdeelung vum 30. Mee 2017

Deel dëse Post: