Wéi vill Lëtzebuergesch d’Personal an de Crèchen schwätze kënne muss, ass zwar gereegelt. Vu betraffenen Elteren héiert een awer alt Kloen, datt dat an hirer Crèche net esou gehandhabt gëtt. De Fred Keup freet no, ob dat kontrolléiert gëtt an ob d’Crèchen sech un d’gesetzlech Virgaben halen.