Lëtzebuergesch am Kulturzenter Neimënster: Wourecht oder Dichtung?

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro iwwert de Rekrutement vu Personal am Kultur- a Begéinunszenter Neimënster seet den Här Minister dëst:
“Lëtzebuergesch stellt fir Neimënster eng Prioritéit duer, an der Programmatioun an an der Ausféierung. Den Etablissement public leet ganz grousse Wäert op d’Kommunikatioun an der Lëtzebuerger Sprooch a beméit sech, konsequent d’Lëtzebuerger Bierger a Biergerinnen an hirer Nationalsprooch ze erreechen.”

D’Realitéit ass anescht! Um Spaweck (www.neimunster.lu) ginn d’Informatiounen nëmmen op Franséisch an op Englesch ugebueden. Déi aktuell Nummer vum “de gudde Grond” (Nummer 36), eng Broschüre vun net manner wéi 131 Säiten, huet knapp 4 ganz kleng Artikelen (Beschreiwunge vu Manifestatiounen) op Lëtzebuergesch.

Dowéinst stellt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng weider Fro: “Op wéi eng Fakte berout dem Här Minister seng Ausso, Lëtzebuergesch géif fir Neimënster eng Prioritéit duerstellen?”

Lëtzebuergesch, Jo… mee! Esou kéint een d’Äntwert vum Minister resuméieren: d’Sprooch vum Dicks bleifs weider d’Stéifkand um Internetsite an an de Broschür “de gudde Grond”! Prioritéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch gesäit fir d’ADR aneschtes aus!

Deel dëse Post: