Lëtzebuergesch ass eng vun de 4 offizielle Sprooche vun der Uni Lëtzebuerg. Mee d’Realitéit gesäit anescht aus. Dozou huet den Tom Weidig e puer Froen un d’Héichschoulministesch:
Fro:
Wann ee sech online d’Bachelor-Studiegangsbroschür vun der Uni Lëtzebuerg ukuckt − déi et anscheinend just op Franséisch gëtt, obschonns an der Broschür steet, datt d’Uni véier offiziell Sproochen huet: Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch; Link: 2024_uni.lu_bachelor_brochure_v2.pdf −, fält engem op, datt Däitsch a Lëtzebuergesch als “langues d’enseignement” däitlech hannert dem Franséischen an Engleschen zréckfalen. Bei 21 Studiegäng kënnt déi englesch Sprooch zwanzeg Mol vir, Franséisch 19-mol, Däitsch 10-Mol a Lëtzebuergesch 3-mol (woubäi beim “Bachelor en Cultures européennes” d’Unterrechtssprooch dovun ofhänkt, ob een “English Studies”, “Études Françaises”, Germanistik oder “Lëtzebuerger Linguistik a Literatur” studéiert).
Dës ënnerschiddlech Gewiichtung vun de véier offizielle Sproochen an de Bachelor-Studiegäng vun der Uni Lëtzebuerg werft eng Rei Froen op, déi ech der Madamm Minister gär stelle géif:
- Firwat gëtt et déi Online-Bachelor-Studiegangsbroschür vun der Uni Lëtzebuerg just op Franséisch? Wier et net besser, et géif se och an deenen aneren dräi offizielle Sprooche vun der Uni Lëtzebuerg ginn, fir ze ënnersträichen, datt déi véier Sprooche gläichberechtegt sinn?
- Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt Däitsch als “langue d’enseignement” am Bachelor Mathematik wéi och am “Master for Contemporary European History” an de leschte Jore gestrach gouf, wärend Franséisch an Englesch bäibehale goufen? Wa jo, aus wéi engen Iwwerleeungen eraus war dës Decisioun geholl ginn?
- Kann d’Madamm Minister preziséieren, firwat et am Bachelor keen eenzege Studiegang op Däitsch/Englesch gëtt, awer eng Rei vu Studiegäng op Franséisch/Englesch? Ass dat net eng Form vun Diskriminéierung géint germanophon Studenten a schwätzt dat net géint de multilinguale Charakter vun der Uni?
- Kann d’Madamm Minister Erklärunge ginn, wéi sech d’Sproocheverhältnisser vun de Bachelor-Studiegäng an Zukunft entwéckele wäerten? Wäert et méi dräi- oder véiersproocheg Studiegäng ginn? Wäert Lëtzebuergesch als Nationalsprooch vum Land méi staark an de Studiegäng vertruede sinn?
Äntwert:
Den honorabelen Deputéierte wërft eng Rei Froen op en Relatioun mat de Sproochen an de Bachelor- Studiegäng vun der Universitéit Lëtzebuerg.
Laut den Informatiounen, déi d’Universitéit Lëtzebuerg dem Ministère fir Fuerschung an Héichschoul zoukomme gelooss huet, engagéiert sech d’Universitéit fir de Multilinguismus, wéi et an der „Politique de multilinguisme“ vun der Universitéit festgehale gouf. Wärend d’Broschür fir d’Bachelor-Programmer haaptsächlech op Franséisch ass, well d‘Franséischt d’Haaptsprooch vum Enseignement ass, enthält se och Abschniter op Däitsch oder Englesch fir Programmer, déi staark op dëse Sprooche baséieren. Zousätzlech kënne potenziell Studenten op Ufro ëmfaassend Informatiounen iwwer d’Bildungsangebot an de relevante Sprooche vum Enseignement kréien. Dës Approche ënnersträicht den Engagement vun der Universitéit fir eng kloer an zougänglech Kommunikatioun, déi un d’sproochlech Realitéite vun all Studieprogramm ugepasst ass.
Laut den Informatiounen vun der Universitéit Lëtzebuerg, gouf Däitsch ni offiziell als Instruktiounssprooch am Bachelor an der Mathematik benotzt. Konsequenterweis gouf et kee Moment, wou Däitsch aktiv aus dem Programm erausgeholl gouf. Et ass villméi esou, dass do Franséisch konsequent als primär Sprooch fir den Enseignement déngt, wat eng laangjäreg Traditioun vum Mathematikunterrecht op Franséisch am Lëtzebuerger Secondaire reflektéiert. E puer Bachelor-Coursë ginn och op Englesch enseignéiert, fir eng méi breet international Ausriichtung ze garantéieren. Trotzdeem profitéiert de Programm vun der Präsenz vun däitschsproochege Professeren, déi d’Studente bei Bedarf op Däitsch ënnerstëtzen oder bestëmmte Projeten oder Theesen op Däitsch superviséieren, wann d’Studenten dat wëllen.
Zanter dem akademesche Joer 2012/2013 gët Däitsch net méi als Viraussetzung fir de Master an der Contemporary European History verlaangt. Dës Decisioun hat zum Zil, de Wuesstem an d’Rekrutéierung fir de Programm weider ze fërderen. D’Viraussetzung, dat potenziell Studenten Däitsch a Franséisch beherrsche missten, huet d’Gréisst an d’Diversitéit vun der Kandidategrupp bedeitend reduzéiert. Am Laf vun de Joren huet sech gewisen, dat et allgemeng méi einfach ass, däitschsproocheg Studenten ze rekrutéieren, déi d’Coursen op Franséisch an Englesch kënne suivéieren, wéi franséischsproocheg Studenten, déi d’Viraussetzunge gläichzäiteg am Däitschen an am Engleschen erfëllen. Trotzdeem bleift Däitsch e wichtege Bestanddeel vum Programm. D’Studenten dierfen hir ofschléissend Master-Thees op Däitsch schreiwen, an d’Universitéit bit däitschsproocheg Tutorien an eng „Schreibwerkstat“ als zousätzlech Ënnerstëtzung un. Am Laf vun de leschten zéng Joer hu ronn en Drëtel vun de Graduéierten aus dem Programm gewielt, hir Thees op Däitsch ze schreiwen.
D’Universitéit bleift fest engagéiert fir de Multilinguissem, wéi et an hirer „Politique de multilinguisme“ refletéiert gët. Däitschsproocheg Coursë bleiwen en essentielle Bestanddeel vun de Bachelor-Programmer, déi vun der Universitéit ugebuede ginn, wat een dorunner gesäit, dat iwwer d’Hallschent vun dëse Programmer Däitsch als offiziell Instruktiounssprooch hunn, niewent Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch. An e puer Programmer, wou de Fokus op Franséisch an Englesch läit, erkläert sech dat haaptsächlech duerch spezifesch sektoriell Exigenzen —wéi zum Beispill am Bachelor en Droit.
All nei Bachelor-Programmer refletéieren déi national an international Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart, wat spezifesch sproochlech Kompetenzen a Spezialisatiounen ubelaangt. Duerch dës Approche suergt d’Universitéit dofir, datt hir Diploméiert gutt op déi sproochlech an déi berufflech Bedürfnisser vum lokale wéi och vum globale Aarbechtsmaart preparéiert sinn.