Déi traditionell Roll vum Däitschen als eenzeg Alphabetiséierungssprooch zu Lëtzebuerg gëtt vum Schoulminister ëmmer méi a Fro gestallt. Wéi wier et mat Lëtzebuergesch als Alphabetiséierungssprooch?, wëll de Fred Keup vum Här Meisch wëssen.
Fro:
Däitsch war Jorhonnerte laang déi eenzeg Alphabetiséierungssprooch zu Lëtzebuerg. Aktuell sicht de Schoulministère awer aus diverse Grënn no alternativen Alphabetiséierungsméiglechkeeten.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Huet de Ministère an deene leschten zéng Joer Etüden an Evaluatiounen an Optrag ginn, déi sech mat Lëtzebuergesch als eenheetlech oder alternativ Alphabetiséierungssprooch fir eist Land beschäftegen?
- Wa jo, kann den Här Minister d’Resultater vun deenen Etüde virstellen?
- Goufe Pilotprojeten envisagéiert, fir Lëtzebuergesch als Alphabetiséierungssprooch ze testen?
Äntwert:
Wéi den honorabelen Deputéierten a senger parlamentarescher Fro richteg festhält, ass d’Alphabetiséierung op Däitsch zanter laanger Zäit am ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem verankert. Dëst erkläert sech duerch déi vill Iwwerschneidungen tëschent der Lëtzebuerger an der däitscher Sprooch, duerch déi d’Lëtzebuergescht eng Bréckefunktioun am Kontext vum Léiere vun der däitscher Sprooch duerstellt. Zegutt kënnt d’Alphabetiséierung op Däitsch virun allem deene Kanner, deenen hir éischt Sprooch Lëtzebuergesch oder Däitsch ass an eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch an den ëffentleche Lëtzebuerger Grondschoulen ass doduerch net virgesinn.
Duerch déi an de leschte Joerzéngte verstäerkten Heterogenitéit vun de Mammesprooche vun de Kanner an eisem Schoulsystem gräift eng reng Alphabetiséierung op Däitsch allerdéngs ze kuerz. Aus dësem Grond riicht sech de Projet ALPHA – Zesumme wuessen mat enger Alphabetiséierung op Franséisch virun allem un déi Kanner, deenen hir éischt Sprooch weder Lëtzebuergesch nach eng germanesch Sprooch ass respektiv deenen hire soziokulturellen Hannergrond dorop schléisse léisst, datt déi franséisch Alphabetiséierung hir schoulesch Reussite ënnerstëtzt.