Lëtzebuerger Zaldoten am Mali: wéi laang nach?

D’Situatioun am Mali gëtt ëmmer méi oniwwersiichtlech an ëmmer méi ugespaant. Däitschland huet decidéiert, fir seng militäresch UN-Operatiounen zum gréissten Deel unzehalen. Frankräich huet säi Réckzuch ofgeschloss. Wéi laang wëll de Minister Bausch eis Zaldoten nach do loossen?

Fro

D’Situatioun am Mali gëtt séier ëmmer méi oniwwersiichtlech an ëmmer méi ugespaant. Däitschland huet elo decidéiert seng militäresch UN-Operatiounen zum gréissten Deel unzehalen. Frankräich huet säi Réckzuch ofgeschloss. D’Militärjunta schéngt d’UN-Presenz géint d’Djihadiste wëllen ze behënneren. Esou sinn och Minusma-Zaldote vun der Elfenbeinküst als Söldner inhaftéiert ginn. Lëtzebuerg huet zwee Zaldote bei der Minusma, déi fir Kommunikatiounen zoustänneg sinn, an 21 weiderer an der europäescher EUTM Taskforce.

An deem Kontext wëll ech dem zoustännege Minister dës Froe stellen:

  1. Ka Lëtzebuerg ënner dëse Konditiounen nach veräntweren, seng Zaldoten am Mali ze loossen? Sollten déi Lëtzebuerger Militär am Mali net direkt zréckgezu ginn?
  2. Geet den Här Minister dervun aus, datt d’Situatioun am Mali bis Enn 2022 (Enn vum EUMT-Engagement) respektiv bis Mäerz 2024 (Enn vum Minusma-Engagement) net weider eskaléiert? Wéi begrënnt hie seng Positioun?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Verdeedegungsminister a vum Aussen- an Europaminister op d’parlamentaresch Fro n° 6673 vum 18. August 2022 vum honorabelen Deputéierten Fred Keup

Zur Fro 1:

D’Situatioun am Mali fir déi divers international Missiounen ass effektiv a villen Hisiichte problematesch. Dofir wäert och d’Mandat vun der lëtzebuergescher Participatioun un der EUTM, wat bis Enn dëst Joer leeft, net méi verlängert ginn. De Rôle vun der MINUSMA ass allerdéngs vun zentraler Wichtegkeet fir d’Ëmsetzung vum Alger-Friddensaccord vun 2015. Dofir wäert d’lëtzebuergesch Contributioun bis op Weideres bestoe bleiwen, dat ass iwwregens och de Fall fir de Moment fir den Asaz vun der Bundeswehr.

Zur Fro 2:

D’lëtzebuergesch Regierung verfollegt d’Situatioun am Mali genau fir kënnen à même ze si gegebenenfalls séier op nei Evolutiounen ze reagéieren ouni sech allerdéngs wëllen u Spekulatiounen iwwert di zukünfteg Entwécklungen ze bedeelegen.

Deel dëse Post: