Lëtzebuerger Wäi mat neien Etikett-Virschrëften

Mat zimmlechem Opwand wäert d’Etikettéierung vun de Lëtzebuerger Wäiner an Zukunft verbonnen sinn. Am Rumm vun der Nutriscore-Iddi soll och d’Zësummesetzung vum Wäin a säi Kalorie-Gehalt um Réck vun der Fläsch nozeliese sinn, deels direkt, deels iwwert e QR-Code. Dat ass um munnchen groussen auslänneschen Wäigidder mat grousse Quantitéite Wäin vun enger Zort nach ze verkraften, mee d’Lëtzebuerger Wënzer a Kooperativen mat hire villen Zorten  dacks a ganz klenge Quantitéiten wäerten hir Aarbecht mat der Reegelung hunn. De Jeff Engelen wëll méi Detailer an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn.

 

Fro

2023 sollen d’Wäifläschen um Réck europawäit en neien Etikettage kréien. Hei sollen de Kalorienwäert an d’Zutaten fir all Wäin (deelweis iwwert e QR Code) dem Konsument zougänglech gemaach ginn.  Dat gëtt esouwuel fir d’Vinsmoselle wéi och fir privat Wënzer eng ganz grouss Aufgab, ob déi si sech laang am viraus missten astelle kënnen. Dofir hätt ech dës Froen un d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Agrarminister.

  1. Wéini ginn d’Wënzer Detailer iwwert déi nei Form vun Etikettage gewuer?
  2. Sinn d’Lëtzebuerger Wënzer am Virfeld consultéiert ginn?
  3. Dréit d’Lëtzebuerger Gesetz der Spezifizitéit vun der Lëtzebuerger Wäiproduktioun mat hire ville Wäinzorten, dacks a ganz klenge Volume Rechnung?
  4. De geneeën Etikettage wäert de Wënzer all Joer vill Aarbecht an och vill Onkäschte maachen. Huet d’Regierung dru geduecht, hinnen heibäi ze hëllefen oder si fir deen Opwand ze entschiedegen?
  5. Et ass dacks d’Zesummesetzung vun engem Wäin, dee säi Charme (a säi kommerzielle Succès) ausmécht. Ass et net géint d’gutt Geschäftspraktiken, d’Wënzer ze forcéieren, d’genee Zesummesetzung unzeginn. Oder geet et duer, eenzel Riefzorten opzezielen ouni ze soen a wéi engem Undeel si am Wäin drasinn?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a vun der Gesondheetsministesch op d’parlamentaresch Fro n°5998 vum éierbaren Deputéierten Jeff Engelen

 

  1. Wéini ginn d’Wënzer Detailer iwwert déi nei Form vun Etiquetage gewuer?

D’Vertrieder vum Beruff goufe schonns e puermol souwuel am Fonds de solidarité viticole wéi och an der Commission de gérance vun der AOP – Moselle Luxembourgeoise iwwer déi bevirstoend Ännerungen informéiert an dëst eng éischte Kéier 2017.

D‘Europäesch Kommissioun schafft am Moment un der Revisioun vum Reglement (UE) n°1169/2011 betreffend d’Informatiounen vun de Konsumenten iwwert d’Liewensmëttel.

Entspriechend dem Artikel 16.4 vun dem Reglement, muss aktuell Gedrénks, wat méi wéi 1,2 Volumenprozent Alkohol enthält, keng Zutatenlëscht oder nutritionell Deklaratioun op der Etikett uweisen.

D’Europäesch Kommissioun huet eng ëffentlech Consultatioun fir europäesch an net europäesch Bierger esou wéi fir déi professionell an net professionell Acteuren iwwert d’Initiativen vun der Revisioun vum europäeschen Reglement betreffend d’Informatiounen vun de Konsumenten iwwert d’Liewensmëttel organiséiert. D’Consultatioun huet vum 13. Dezember 2021 bis de Mäerz 2022 stattfonnt. Et ass ënner anerem ëm den Étiquetage vum Alkohol gaangen.

Eng zweet Consultatioun huet um Niveau vun den Autoritéiten ufanks 2022 stattfonnt. D’Europäesch Kommissioun huet nach kee Projet iwwert den Étiquetage vum Alkohol proposéiert.

2.  Sinn d’Lëtzebuerger Wënzer am Virfeld consultéiert ginn?

 Jo an et gouf zesumme mat de Vertrieder vum Beruff decidéiert, ob de Wee vum „offlabel Labelling“ ze goen. Wann Dir de QR-Code vum Qualitéitszertifikat vun engem Lëtzebuerger Wäin oder Cremant scannt, da fannt Dir d’Mëttelwäerter vun den Nährwerter vun eise Wäiner a Cremant’en, an dëst schonns säit 2018. Näischt desto trotz mussen d’Nährwerter trotzdeem an Zukunft ob der Réckenetikett ugi ginn, mee d’Inhaltsstoffer kënnen iwwert de QR-Code deklaréiert ginn .

D‘Lëtzebuerger Wënzer haten och d’Méiglechkeet un der ëffentlecher Consultatioun vun der Europäescher Kommissioun deelzehuelen. E Link op déi ëffentlech Consultatioun stoung op der Internetsäit vun der Sécurité alimentaire zur Verfügung.

3.    Dréit d’lëtzebuerger Gesetz der Spezifizitéit vun der lëtzebuerger Wäiproduktioun mat hire ville Wäinzorten, dacks a ganz klenge Volumen, Rechnung?

D’lëtzebuerger Gesetz reegelt d’Produktiounscritèren, maximal Erträg, an dat onofhängeg vun de Riefzorten, a setzt just de Kader fir d’Wäiproduktioun am allgemengen. Den Etiquetage vun den obligatoreschen Angabe gëtt iwwer Bréisseler Texter gereegelt. D’Qualitéitsbegrëffer (Lagennimm, Cru’en, Vin de paille, Vin de glace, Vendanges tardives, Crémant millésimé etc.) ginn iwwer national Texter an de Cahier des charges gereegelt. Dës Qualitéitsbegrëffer bréngen dem Produkt ee Mehrwäert an hëllefen dem Konsument bei senger Entscheedung. De Cahier des charges, an deem dës Begrëffer gereegelt sinn, kann zu all Moment vum Beruff, am Respekt vun de bréisseler Reglementer, geännert ginn.

4.   De geneeën Etiquetage wäert de Wënzer all Joer vill Aarbecht an och vill Onkäschte maachen. Huet d’Regierung dru geduecht, hinnen heibäi ze hëllefen oder si fir deen Opwand ze entschiedegen?

 Jo, den Institut viti-vinicole ass amgaange mam Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) eng Plattform z’entwéckelen, eng Aart „Blockchain-Technologie“ fir de Wäin, déi dëst Joer fäerdeg soll ginn. Hei fënnt de Konsument an Zukunft déi néideg Informatiounen zum Wäin hannert engem QR-Code. Doduerch wäert sech beim Wënzer, wat den Etiquetage ob der Fläsch betrëfft, näischt ännere bis ob eben d’Angab vun den Nährwerter, déi ob d’Etikett komme muss. En plus misst och iwwer dës Plattform an Zukunft schnell a flexibel ob nei Entwécklunge beim Etiquetage kënne reagéiert ginn.

5.    Et ass dacks d’Zesummesetzung vun engem Wäin, dee säi Charme (a säi kommerzielle Succès) ausmécht. Ass et net géint d’gutt Geschäftspraktiken, d’Wënzer ze forcéieren, d’genee Zesummesetzung unzeginn? Oder geet et duer, eenzel Riefzorten opzezielen ouni ze soen, a wéi engem Undeel si am Wäin dra sinn?

 D’Qualitéit oder den Charme vum Wäin hänke méi vum Ertrag am Wéngert, vum Lies-Zäitpunkt, vum Gesondheetszoustand vun den Drauwen, der Gärsteierung, dem Élevage, …; fir et kuerz ze soen, vun der Aarbecht vum Wënzer of wéi vun der Zesummesetzung vum Wäin.

Wat awer elo d’Angab vun der Riefzort betrëfft, esou ass dat eng fakultativ Angab. Wann de Wënzer d’Riefzort ugëtt, muss och mindestens 85% vu besoter Zort an der Fläsch sinn. Bei enger Cuvée muss de Wënzer keng Zorten uginn, kann se awer ob der Réckenetikett am Ordre décroissant deklaréieren ouni Mengenangabe mussen ze maachen.

Deel dëse Post: