Lëtzebuerger Timberen oder “timbres luxembourgeois”?

D’Häre Wirtschafts- a Schoulminister schéine selwer iwwerrascht gewiescht ze sinn iwwert eng parlamentaresch Fro, déi si um Schreifdësch haten. De Fred Keup hat d’Fro opgeworf, firwat op de Lëtzebuerger Timberen ni “Lëtzebuerg” steet mee ëmmer “Luxembourg”. Dat wär schliisslech beim Pass an esouguer bei den Euro-Mënzen net esou … D’Regierung huet musse feststellen, datt si sech bei der Gestaltung vun den Timberen op e Gremium verlooss, dat net un d’Lëtzebuerger Sprooch geduecht huet. Déi internationalistesch Approch, dem Land säi mam engleschen identesche franséische Numm ze gebrauchen, ass méi fadenscheineg. Vill Länner schreiwen nämlech hire Landesnumm am Original an esou guer an fir si gebräichlechen Tippzeechen. Aus Houfert a fir hir Identitéit an hir Eegestännechkeet ze ënnersträichen. 

 

 

Hei ass de PDF vun der Fro vum Fred Keup … … an hei d’Äntwert vun der Regierung.

 

Deel dëse Post: