Lëtzebuerger Schoul: Back on Track!

“Back on Track”, d’Lëtzebuerger Schoul nees an d’Spuer bréngen, dat war den Titel vun der Pressekonferenz, déi d’ADR de 24. Juni ofgehalen huet. Kuerz gesot, fuerdert d’ADR:

  • D’Schoul erëm zeréckbréngen op dat Wesentlecht, op hir Haaptaufgab: D’Vermëttele vu Wëssen
  • De schoulesch Niveau fërderen an d’Schüler zur Exzellenz fuerderen
  • De Schoulsystem, d’Zensuren an d’Orientéierung erëm einfach, kloer a verständlech gestalten
  • D’Roll an d’Autonomie vum Léierpersonal stäerken
  • D’Schoul staark maachen als wichtegsten Acteur fir Integratioun a sozial Kohesioun an de Garant fir d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Méisproochegkeet

           

 

Deel dëse Post: