Lëtzebuerger Sanktioune géint Russland

Scho säit 2014 bedeelegt Lëtzebuerg sech un ëmmer méi Sanktioune géint déi Russesch Federatioun. Dës goufen aus ganz ënnerschiddlechen Ursaachen, mat ënnerschiddlechen Ziler a géint ënnerschiddlech Persounen erlooss. Déi grouss Gemeinsamkeet: se goufen all ni méi opgehuewen. De Fernand Kartheiser freet d’Regierung duerfir ëm e kompletten Inventaire, wéi eng Sanktioune géint Russland aktuell a Kraaft sinn, op wéi enger Rechtsgrondlag se berouen no wéi enge Modalitéiten se nees opgehuewe kënne ginn asw.

Deel dëse Post: