Lëtzebuerger Presenz op der Frankfurter Buchmesse 2022

Et gëtt een enttäuscht, wann een op den offizielle Websäite vum Kulturministère Informatiounen iwwer d’Lëtzebuerger Presenz op der FBM 2022 sicht (Stand: 25.8.2022). Et muss ee schonn duerch d‘Lëscht vun den iwwer 2700 Aussteller op der offizieller Websäit vun der FBM scrollen, fir op den “Arts Council Kultur:LX” ze stoussen. An och hei gëtt een näischt Genaues iwwer de Lëtzebuerger Stand gewuer. Do stellt sech d’Fro: Wat mécht d’Regierung, fir d’Lëtzebuerger Presenz op der Frankfurter Buchmesse 2022 ze promouvéieren?

 

Deel dëse Post: