Lëtzebuerger Literatur an de Lycéeën

D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig wëlle vun der Regierung wëssen, wéi et ëm d’Lëtzebuerger Literatur an eise Lycéeë steet. Ginn iwwerhaapt nach Lëtzebuerger Auteuren an de Schoule gelies?

Fro:

Den éischten nationale Kulturentwécklungsplang gouf am Optrag vum Kulturministär ausgeschafft an 2018 virgestallt. 62 „Recommandatiounen“ ginn an deem Dokument detailléiert ausformuléiert. Si si kloer ëmrass, maache sech iwwer hir eegen Ëmsetzung Gedanken a mentionéieren och méiglech Problemer a Risiken, déi hir Ëmsetzung jeweils implizéiere kéint. De KEP gëtt an deem Kontext Beispiller aus anere Länner oder aus anere Beräicher vun der Politik. Net vergiess gëtt an deem Dokument d’Bestriewen, d’Lëtzebuerger Literatur an de Schoule méi present ze maachen: “La transmission, la découverte et l’appropriation de la culture font partie des missions de l’éducation. La langue et la culture luxembourgeoises font elles aussi partie intégrante de cette diversité et méritent une place plus importante au sein de l’éducation artistique et culturelle. Dans cette optique, une convention pourrait être mise en place entre les établissements scolaires et les bibliothèques et éditeurs afin de mieux intégrer la littérature luxembourgeoise dans l’enseignement scolaire.”

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann den Här Kulturminister preziséieren, ob et mëttlerweil esou Konventioune gëtt an ob de Staat sech an deem Beräich agesat huet? Wa jo, mat wéi enge Resultater?
  • Zënter dem Ufank vum Schouljoer 2021/2022 hunn d’4e-Schüler vum Secondaire classique a Secondaire général e Lëtzebuergesch-Cours, deen dräi Haaptelementer enthält: d’Lëtzebuerger Sprooch, allgemeng Kenntnisser vum Land a vun der Gesellschaft a Lëtzebuerger Kultur. Leien dem Här Schoulminister Informatioune vir, ob am Kader vun deem Cours och Lëtzebuerger Auteuren an de Klasse behandelt goufen? Wa jo, wéi eng Auteuren a wéi eng Wierker?

 

Foto: Edmond de la Fontaine (Dicks), de Lëtzebuerger Goethe (@Wikipedia)

Deel dëse Post: