Lëtzebuerger Flüchtlingsrot: fir eng humanitär Approche

Membere vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot hunn, am Kader vun enger Entrevue, der ADR hir Doleancen a Wënsch fir déi nächst Walen duergeluecht. Esouwuel de Flüchtlingsrot wéi d’ADR stinn dobäi fir eng humanitär Approche beim Accueil vu Leit, déi zu Lëtzebuerg eng Protektioun froen, a fir datt d’Konventioune vu Genf dobäi ugewannt ginn. Genau wéi d’ADR schwätzt sech och de Flüchtlingsrot dofir aus, datt Decisiounen op en Demandeur de Statut unerkannt kritt oder net vill méi séier musse geholl ginn, wa méiglech am legalen Zäitraum vu 6 Méint. D’Representante vum Flüchtlingsrot hunn och op d’Problematik vun de mannerjärege Flüchtlingen opmierksam gemaach. D’ADR-Memberen hunn op eng strikt Uwendung vum Rechtsstaat higewisen, an datt dausende vu Leit zu Lëtzebuerg liewen ouni e legale Statut ze hunn, an domadder z.B. net Krankeverséchert sinn. Beit Delegatiounen hu festgehalen, den Dialog och no de Wale weider ze féieren.

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot war vertrueden duerch d’Cassie Adelaïde (Passerell asbl), d’Nonna Sehovic (Caritas) an de Sergio Ferreira (ASTI). Fir d’ADR hunn d’Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser deelgeholl, esou wéi den Detlef Xhonneux, Generalkeessier an den  Alain Kleeblatt (Sekretariat).

Deel dëse Post: