Lëtzebuerger Entwécklungshëllef fir den Hamas?

Zeg Milliounen Euro un Hëllefsgelder, déi fir d’Palestinenser bestëmmt waren, sinn detournéiert ginn an un d’Terrororganisatioun Hamas weidergeleet ginn. Dëst Geld wär ënner anerem benotzt gi fir Waffen ze kafen, Tunnellen ze bauen a Salaire vun Hamas Fonctionnaire ze bezuelen. Ënner anerem wären esou Hëllefsgelder iwwert d’Associatioun „World Vision International“ detournéiert ginn.

Well och d’Lëtzebuerger Regierung vill Entwécklungshëllef fir Palestina ausgëtt, wëll den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer eng parlamentarescher Fro wëssen, op och Geld aus Lëtzebuerg un den Hamas gefloss ass.

Photo: Soman, cc-license

Deel dëse Post: