Lëtzebuerg soll iwwert eege militäresche Ressourcen entscheede kënnen!

Lëtzebuerg bedreift de Militärfliger A400M zesumme mat der belscher Arméi – eng gutt Saach. A senger Interventioun vum 17. Januar betount de Fernand Kartheiser awer, datt eist Land prinzipiell ëmmer iwwert déi eege militäresch Ressourcen entscheede muss kënnen. De Fraktiounschef kritiséiert iwwerdeems, datt méi a méi Traitéen an Dossieren net méi an d’Parlament kommen, fir datt d’Volleksvertrieder doriwwer decidéiere kënnen.

Deel dëse Post: