Wéi geet et weider mat eise Relatioune mam Mercosur?

De Minister Asselborn well sech dem Fräihandelsofkommes tëschent der Europäescher Unioun an dem Mercosur (de gemeinsame Maart vu Südamerika) widdersetzen. An enger parlamentarescher Fro intresséiert sech de Fernand Kartheiser dofir, wat fir eng Auswierkungen dëst Verhalen op déi bilateral Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Brasilien huet, besonnesch wann ee bedenkt, datt de Bausseminister nach viru ronn annerhallwem Joer betount huet, déi politesch, diplomatesch an ekonomesch Relatioune mam südamerikanesche Kontinent wëllen ze verstäerken.

Deel dëse Post: