
Donneschdeg, 19. Mee 2016
Lëscht vu séchere Länner: Wéi ass et mam Maghreb?
Am Kader vun der Migratiounskris huet Däitschland jo d’Prozedur lancéiert fir déi dräi Maghreb-Staaten (Marokko, Algerien an Tunesien) als sécher Drëttlänner anzestufen. Dat ass e Wee fir d’Asylufroe vu Flüchtlinger, déi vun do kommen oder vun do sinn, méi séier ze behandelen an ze refuséieren, wa keng Beweiser firleien, datt se wierklech perséinlech a Gefor sinn. De Fernand Kartheiser huet drops hinn eng parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn, wéini d’Lëtzebuerger Lëscht vun de séchere Länner emol nees aktualiséiert gëtt.
Kalenner
Generalversammlung Sektioun Suessem
Restaurant Gurman (2, rue Grande-Duchesse Charlotte, Bieles)
alles ukucken