Léisen nei Zich fir d’CFL d’Problemer am ëffentlechen Transport?

Ganz houfreg mellt d’CFL, datt nei Persounenzich bestallt sinn an zwar a Frankräich bei Alstom. De Jeff Engelen freet no, ob dës nei Transportkapassitéiten d’Problemer am ëffentlechen Transport laangfristeg  léise kënnen. An a senger parlamentarescher Fro wëllt hie vum grénge Mobilitéitsminister François Bausch och wëssen, wéi et ass, datt d’CFL Geschäfter mat engem vun de prominentsten Aushängeschëlder vun der franséischer Atomindustrie mécht.

Deel dëse Post: