Legaliséiere vum Cannabis – Mir hätte gär kloer Äntwerten!

D’Diskussioun ëm d’Legaliséiere vum Cannabis ass keng einfach, esou de Jeff Engelen a senger Interventioun vum 20. Mee. D’Lëscht vun den oppene Froen ass laang a gëtt ëmmer méi laang an d’Euphorie vun der Regierung fir de Cannabis ze legaliséieren, ass däitlech verflunn. D’ADR hat an deem Kontext scho Lescht Joer en Hearing an der Chamber ugefrot, an deem déi wichtegst Froe ronderëm d’Legaliséiere vum Cannabis opgeworf goufen. Bis haut ass et net zu dësem Hearing komm. Ier d’ADR iwwerhaapt eng Decisioun iwwert d’Legaliséiere vum Cannabis huele kann, verlaange mir och op déi lescht Fro eng Äntwert.

Deel dëse Post: