Le Pen – Macron: Fernand Kartheiser am RTL-Kloertext!

An der Emissioun Kloertext op RTL huet de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser duergeluecht, firwat een domadder ophale misst, d’Marine Le Pen als Rietsextremistin ze betitelen! Aktuelle Sondage no wäerten am zweeten Tour vun de Wale bal d’Hallschent vun de Fransousen d’Marine Le Pen wielen. Sinn dës dann och all rietsextrem? Komescherweis waren alleguerten déi aner Politiker aus der Gespréichsronn net där Meenung! De Fernand Kartheiser huet a senger Interventioun och däitlech gemaach, datt en Europa vun de Natiounen näischt verwerfleches ass, an Europa an Zukunft souguer no vir brénge kann!

Deel dëse Post: