Latäins- an Algriichesch-Examen: d’ADR huet de richtegen Ustouss ginn!

Den Educatiounsminisère huet vru kuerzem bekannt ginn, datt mëttlerweil och fir d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet besteet, de Latäins- an Algriichesch-Examen an Däitschland ze beleeën. An enger parlamentarescher Fro hat de Fernand Kartheiser schonns drop higewisen, datt et wichteg wier, esou en Accord mam Rheinland-Pfalz auszeschaffen.

Eng Rei auslännesch Universitéite verlaange fir verschidde Studierichtungen, datt d’Kandidate Latäin an / oder Algriichesch geléiert hunn. Zu Lëtzebuerg ginn dës Fächer awer praktesch nëmmen am Enseignement secondaire ugebueden. Huet e Schüler, aus wéi engem Grond och ëmmer, net kënnen oder wëlle vun dëser Méiglechkeet profitéieren, kann dës ënner Ëmstänn negativ Konsequenzen op säin akademesche Parcours hunn.

An enger parlamentarescher Fro, déi virun zwee Joer gestallt gouf, hat de Fernand Kartheiser schonns op dës Situatioun higewisen. Den ADR-Deputéierte wollt vun der Educatiounsministesch wëssen, ob et net méiglech wier, en Accord mam Rheinland-Pfalz ze fannen, fir datt d’Lëtzebuerger d’Méiglechkeet kréien an dësem Land de Latäins- an Algriichesch-Examen ze beleeën ouni op enger Uni ageschriwwen ze sinn. Dat, wat d’ADR deemools als Léisungsvirschlag proposéiert huet, gëtt also elo ëmgesat.

D’ADR huet an dësem Dossier, vun deem eng Rei Lëtzebuerger Studente betraff sinn, de richtegen Ustouss ginn a trëtt och weiderhin dofir an, datt d’Schüler motivéiert ginn, Latäin an Algriichesch ze léieren.

Deel dëse Post: