Zur geplangter landeswäiter Aféierung vum “Projet ALPHA” huet de Fred Keup nach eng ganz Rei vu Froen un d’Regierung:
Fro:
An der gemeinsamer Äntwert vun den Häre Schoul- an Inneminister op d’parlamentaresch Fro Nr. 1945 vun der honorabeler Deputéiert Francine Closener zur landeswäiter Aféierung vum “Projet ALPHA – Zesumme wuessen” heescht et:
„Wéi am Ad 1) schonn erkläert, kruten d’Regionaldirektiounen den Optrag, fir zesumme mat de Gemengen déi Raimlechkeeten ze identifizéieren, ze amenagéieren a gegeebenefalls ze kreéieren, fir datt et an all Schoul déi néideg Raimlechkeete gëtt, fir eng Alphabetiséierung op Däitsch an op Franséisch kënnen unzebidden.“
Am Virfeld vun der geplangter Aféierung vun der Optioun „Alphabetiséierung op Franséisch“ an alle Primärschoule vum Land vun 2026 un huet den Här Schoulminister d’Gemengen an d’Regionaldirektiounen also elo schonns beoptraagt, fir d‘Schoulen op dëse Projet “virzebereeden”, an dat, obschonns en entspriechend Gesetz nach net am Parlament gestëmmt gouf. Doraus ergi sech net just Froen am Zesummenhang mat der legaler Basis vun deem „Optrag“, mee och Froen am Hibléck op de Fall, wou e Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA – Zesumme wuessen” iwwerhaapt net, oder net an der geplangter Form, gestëmmt géif ginn.
Zugläich goufe viru Kuerzem déi offiziell „Rapports d’évaluation du projet pilote ‘ALPHA – Zesumme wuessen’ virgestallt, déi eng Aart Legitiméierung vun deem Projet duerstelle sollen, obschonns déi laangfristeg Konsequenze vun enger landeswäiter Aféierung vum “Projet ALPHA” no enger just dräijäreger Testphas naturgeméiss net ofzeschätze sinn.
Dofir wéilt ech dem Här Schoulminister gär follgend Froe stellen:
- Op wéi enger legaler Basis kruten d’Regionaldirektiounen deen uewe mentionéierten Optrag, wuelwëssend, datt et nach kee Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA – Zesumme wuessen” gëtt? Wat géif passéieren, wann dat nach net bestoend Gesetz zur landeswäiter Aféierung vum „Projet ALPHA“ a verännerter Form, oder guer net, gestëmmt géif ginn?
- Verschidde Léierpersounen aus dem Fondamental äusseren och d’Befierchtung, datt op ville Plaze keng richteg Klassesäll zur Verfügung stoe wäerten an datt een dann an d’Schoulbibliothéik, d’Fotokopieszëmmer, den Appui-Sall an, nach méi schlëmm, an d’Maison Relais “ausweichen” muss. Wéi kann den Här Minister am Hibléck op déi vill beschwuere Chancëgläichheet vun ALLE Schüler garantéieren, dass keng Kanner an „mannerwäertege Säll“ (mir zitéieren déi betreffend Léierpersounen) wärend 10 oder 16 Stonnen ënnerriicht ginn?
- Wéi kann eng effikass Virbereedung zur landeswäiter Ëmsetzung vum „Projet ALPHA“ iwwerhaapt geléngen, wann zentral Punkten, wéi Personalbedarf, Klasseneffektiver oder Unterrechtsstruktur nach net gesetzlech definéiert sinn? Wéi sollen déi verantwortlech Instanzen (Gemengen a Schoulen) sech beispillsweis op Klasse virbereeden, wou just ee Schüler fir déi franséisch Alphabetiséierung optéiert?
- Et besteet keen Zweiwel drun, datt de “Projet ALPHA” en immensen Afloss op d’Schoul wäert hunn. Am Moment ginn et awer nach vill aner Problemer (z.B. Inklusioun, Gewalt an de Schoulen, Ëmsetzung vum Smartphone-Verbuet, Manktem u Léierpersonal, asw.), déi musse geléist ginn. Dobäi kënnt, datt de Pilotprojet ALPHA bis elo keng schlësseg Resultater bruecht huet, well e just a véier Gemengen applizéiert gouf, déi kengesweegs representativ fir d’Gesamtstruktur vun der Bevëlkerung sinn. Wéi steet den Här Minister an deem Kontext zur Iwwerleeung (déi eisen Informatiounen no vu ville Léierpersounen aus dem Fondamental formuléiert gëtt), dee Pilotprojet op aner Gemengen am Land (mat anere sozioekonomesche Verhältnisser wéi déi véier Pilotgemengen) auszedeenen an doduerch méi fiabel Resultater ze erméiglechen, wat d’Effikassitéit oder Net-Effikassitéit (am Sënn vu senge proklaméierten “Ziler”) vum “Projet ALPHA” ugeet?
- Kann den Här Minister preziséieren, ob et senges Wëssens aner Länner oder Regiounen op der Welt gëtt oder gouf, wou d’Primärschüler an zwou (oder méi) Gruppen opgespléckt ginn oder goufen, wat d’Alphabetiséierungssprooch ugeet?
- Den Dossier „Rapports d’évaluation du projet pilote ‘ALPHA – Zesumme wuessen’, dee viru Kuerzem virgestalt gouf, enthält siwe Rapporten, ënner anerem den “Rapport intermédiaire ÉpStan du Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) sur les caractéristiques, les résultats scolaires et la motivation des élèves, ainsi que le soutien parental” . An der Zesummefaassung vun deem Rapport gëtt drop higewisen, datt Schüler, déi op Franséisch alphabetiséiert ginn, “une motivation scolaire plus élevée, une meilleure image d’eux-mêmes et moins d’anxiété” ënner Beweis stelle wéi “vergläichbar” Schüler aus Net-Pilotprojet-Gemengen. D’Regierung geet hei also vun engem konkreten a moossbare pedagogeschen Effekt aus. Lo sinn eis awer am Zesummenhang mat deene mentionéierten “Rapports d’évaluation” Reaktiounen zu Ouere komm, déi suggeréieren, datt et sech bei deem “pedagogeschen Effekt” éischter ëm en “Placebo-Effekt” géif handelen. Déi vun der Regierung beschriwwe Verbesserung wier net direkt dem pedagogeschen Inhalt oder der Methodik ze verdanken, mee verännerten Erwaardungen, enger méi grousser Opmierksamkeet, engem méi geschützte Léierëmfeld, also psychologesche Faktoren. Wéi steet den Här Minister an deem Kontext zu follgenden Iwwerleeungen: Pilotprojete genéissen eng besonnesch Opmierksamkeet – Léierpersoune sinn dacks méi motivéiert, Klasse méi kleng, Eltere méi implizéiert oder intresséiert. Kanner spieren d’„Sonderbehandlung“ – a verhale sech méi oppen a selbstsécher.
- An der Zesummefaassung vum “Rapport intermédiaire ÉpStan du Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) sur les caractéristiques, les résultats scolaires et la motivation des élèves, ainsi que le soutien parental” steet, dass déi Schüler, déi um Pilotprojet deelgeholl hätten, “une compréhension suffisante du luxembourgeois” hätten. No wéi enge konkrete Krittäre gouf hei “decidéiert”, datt déi Kanner “une compréhension suffisante du luxembourgeois” hätten?
- Am Artikel “Generalisierung im Regierungsrat beschlossen” vum 12.7.2025 an der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek” heescht et (S. 3): “Blättert man durch die Jubelberichte über den überwältigenden Erfolg des Pilotprojekts, mit dem die Zahl der Zyklus-Verlängerungen um ein Viertel reduziert wurde, ist es allerdings schockierend, wenn plötzlich zu lesen ist, mit der Alphabetisierung auf Französisch könnten frankophone Eltern ihren Kindern besser helfen, und es sei gewußt, das sei für den Schulerfolg äußerst wichtig. Die Eltern behalten in dieser Pädagogikform also immer noch die Rolle als Hilfslehrer, womit daher zwar den Frankophonen geholfen ist, aber nicht allen anderen vielen Sprachen, die es auch hierzulande gibt.” Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt déi uewen zitéiert mental Verbesserung vun de Kanner (“une motivation scolaire plus élevée, une meilleure image d’eux-mêmes et moins d’anxiété” ), asouwäit se iwwerhaapt objektiv moossbar ass, primär dem Ëmstand ze verdanken ass, datt déi frankophon Elteren hire Kanner besser hëllefe konnten an datt et “ein Skandal [ist], wenn es immer noch nicht gelingt, die Grundschulkinder so zu unterrichten, daß es zu Hause keine Hilfslehrer braucht!” (“Generalisierung im Regierungsrat beschlossen” vum 12.7.2025 an der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek”)?