Landesplanung net ouni d’Wuesstemsdebatt!

Et wierkt absurd, wéi an der Chamber stonnelaang iwwert d’Landesplanung diskutéiert gëtt, a bis op d’ADR sech keng Partei traut, de wichtegste Faktor bei der Landesplanung iwwerhaapt unzeschwätzen: D’Wuesstemsdebatt! A senger Interventioun vum 16. Mee betount de Fred Keup, datt Lëtzebuerg sech elo iwwerhaapt mol déi fundamental Fro stelle muss, wéi sech eist d’Land an Zukunft entwéckele wëll. Lëtzebuerg steiert mat grousser Vitess Richtung 1-Millioun-Awunner-Staat an d’Liewensqualitéit vun de Bierger bleift dobäi op der Streck. Den ADR-Parteipresident stellt dofir a senger Ried grondsätzlech Froen, déi déi aner Parteie léiwer ëmginn.

Deel dëse Post: