Landen eis Waffe fir d’Ukrain um Schwaarzmaart?

Déi US-amerikanesch Kontrollinstanz fir den Export vu Waffematerial huet festgestallt, datt et praktesch net méiglech ass, déi un d’Ukrain geliwwert Waffen nozeverfollegen, an d’EU huet zouginn, datt iwwer d’Republik Moldau héchstwahrscheinlech ee grouss ugeluechte Waffeschmuggel aus der Ukrain koordinéiert gëtt. Et gëtt gefaart, datt ee groussen Deel vun de westleche Waffen um Schwaarzmaart verkaaft ginn an doduerch an d’Hänn vu kriminellen oder terroristesche Vereenegunge fale kéinten. Wëll den Arméiminister trotzdeem weiderhi Waffen a Munitioun dohischécken?

Deel dëse Post: