Lag vun der Natioun: „Dës Politik féiert an de Chaos“

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Ugangs Abrëll ass an der Chamber iwwert d‘Lag vun der Natioun debattéiert ginn. Hei sinn déi wichtegst Aussoe vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen.

„D‘TVA-Erhéijung an d‘Gesellschaftsreforme waren déi eenzeg Punkten, déi konkret waren. De Rescht war en Ausflug an d‘Zukunft, e Wonschdreemen.“

„D‘ADR huet no dëser Deklaratioun Recht behalen: et gëtt alles bis no den Europawale verréckelt. Duerno kënnt de Sozialofbau, duerno ginn d‘Leit zur Keess gebieden“

TVA-Erhéijung

„Ass et éierlech, wann DP, déi Gréng an LSAP virun de Walen ëmmer gezielt hunn, eng TVA-Erhéijung wier sozial ongerecht, an no de Walen ass dat éischt, wat gemaach gëtt, eng TVA-Erhéijung?“

Gesellschaftspolitik

„D‘ADR stellt d‘Kand an de Mëttelpunkt vun hiren Iwwerleeungen. Et huet kee Recht op e Kand, mä et gëtt just d‘Rechter vun de Kanner. Dofir si mir als ADR géint d‘Adoptiounsrecht fir gläichgeschlechtlech Koppelen; a well mer géint dat Adoptiounsrecht sinn, si mir och géint d‘Bestietnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen.“

„D‘ADR ass net mat der ugekënnegter Reform vum Avortementsgesetz averstanen. Mir setzen de Schutz vum Liewen an de Virdergrond. Dofir ass d‘ADR géint eng Fristeléisung a géint eng Depenalisatioun vun der Ofdreiwung.“

„D‘Famill eleng huet ze decidéieren, wéi se sech organiséiert. Dofir hätt d‘ADR gären, datt déi verschidde familljepolitesch Alloca-tiounen an engem Erzéiungsgeld ge- bündelt ginn, dat jidderee géif kréien.Mir wëllen awer och e soziale Kritär aféieren: d‘Erzéiungsgeld gëtt, mat Berücksichtegung vun engem Fräibetrag, der Steier ënnerworf. Den Elterendeel, deen doheem bleift, muss eng obligatoresch Cotisatioun an d‘Pensiounskeess bezuelen.“

„Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg datt an der Regierung keng Familljeministesch ass, mä eng Anti-Familljeministesch.“

Soziales

De Gast Gibéryen huet a senger Ried bedauert, datt d‘Regierung keng präzis Aussoe gemaach huet zum Index a méi allgemeng zum Sozialsystem: „Näischt Konkretes! Domadder ka keen eppes ufänken“

Tram a Mobilitéit

„Et wier déi gréisste Feelinvestitioun vum Joerhonnert, wann e géif gebaut ginn. Den Tram schaaft méi Problemer, wéi en der léist. Kee wëll soen, wéi vill e kascht. D‘ADR seet, e kascht eng Milliard Euro.“

De Gast Gibéryen huet d‘Regierung opgefuerdert, e Referendum zum Tram ze organiséieren: „Maacht e Referendum! Frot d‘Leit ëm hir Meenung a fäert se net! Mä Dir wësst, wéi esou e Referendum géif ausgoen, an dofir frot Dir se net.“

„Dës Regierung inves-téiert net méi an de Stroossebau, mä an de Tram, dat heescht dës Regierung investéiert an de Stau!“

Demokratie

De Gast Gibéryen huet fir de sougenannte Referendum op initiative populaire plädéiert. Et geet drëms, datt dann e Referendum muss organiséiert ginn, wann zu engem spezifeschen Thema genuch Ënnerschrëfte konnte gesammelt ginn. En ähnleche System besteet schonns um Niveau vun de Gemengen a bei enger Verfassungsreform.

„D‘ADR ass géint d‘Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen, mä hält drop, datt e Referendum dozou gehale gëtt.”

Gehälteraccord / Fonction publique

Am Dossier Gehälteraccord huet de Gast Gibéryen d‘DP kritiséiert: déi Blo hunn en ënnerschriwwen, obwuel an hirem Walprogramm stoung, deen Accord wier net finanzéierbar.

„Dës Regierung ass bereet, wann se net mat den Enseignanten eens gëtt am Kader vun hirem Spuerprogramm, um Niveau vun der Qualitéit vum Schoulwiesen ze spueren, dat heescht op d‘Käschte vun de Kanner.”

Zënsbesteierungsdirektiv

„D‘Regierung huet vill ze séier noginn. Lëtzebuerg hätt sollen d‘OECD-Decisiounen ofwaarden. Wann d‘Zënsbesteierungsdirektiv a Kraaft trëtt, an d‘OECD-Standarden net, dann ass dat en Nodeel fir de Standuert Lëtzebuerg.“

Conclusioun

„D‘Declaratioun zur Lag vun der Natioun war ganz vague an huet méi Froen opgeworf, wéi der beäntwert goufen.“

„Vun de Sozialisten héiert een net vill. De Premier glänzt no baussen, mä et geschitt net vill. Déi Gréng hunn sech an der Regierung duerchgesat, mä déi Politik féiert an de Chaos.“

Deel dëse Post: