Kulturkampf um Bockel vun den Elteren an de Kanner

D’Regierung sollt d’Relioune respektéieren an och d’Aarbecht vun de Reliounsproffen: Dat war dem Fernand Kartheiser säin Haaptmessage bei der vun der CSV gefrotener Interpellatioun iwwert de Wäerteunterrecht.
Den ADR-Deputéierten huet awer och kritiséiert, datt d’CSV selwer de Reliounsunterrecht wollt ofschafen an deen elo nei entdeckt. Hien huet gemengt, datt d’Regierung aus reng ideologesche Grënn de Kulturkampf vu 1912 nei géing opliewe loossen, an dat vëlleg onnéideg. Well all Mënsch am Land a besonnesch d’Eltere wären eigentlech mam Reliouns- a Moralunterrecht zefridde waren. Alt nees géing Gambia Sträit am Land maachen, amplaz d’Meenung vun deenen engen, déi fir d’Kierch an d’Relioun sinn, an deenen aneren, déi domat näischt kënnen ufänken, ze respektéieren.
De Fernand Kartheiser huet awer och d’Fro opgeworf, wéi wäit de Staat sech soll an eenzel Froen amëschen. Relioun wär keng Privatsaach, mä duerchaus ëffentlech a se hätt komplementar zur Philosophie eis modern Demokratien an eist Verständnis vun de Mënscherechter matgeprägt. Dat huet hien a senger Conclusioun nach eemol ënnerstrach.

Deel dëse Post: