Kultur: wou geet den Zuch hinn ? (VIDEO)

En Donneschdeg, den 20. November 2014, huet de Fernand Kartheiser an der Chamber, bei Geleeënheet vun enger Interpellatioun, déi aktuelle Kulturpolitik vun der Dräierkoalitioun schaarf ugegraff.

„De Bilan vun dëser Kulturpolitik ass schlecht. E mécht engem Angscht“, huet den ADR-Deputéierten an senger Aleedung bemierkt. Picasso, Arbed’s-Gebai, Gare Ettelbréck a vill aner Wierker a Gebaier: de Fernand Kartheiser stellt d’Fro „wéi geet ee mam Patrimoine ëm“ a schwätzt vu ganz bedenklechen Entwécklungen. Dobäi enthält de Koalitiounsprogramm och nach Aussoen, déi un d’Zensur denke loossen! Inakzeptabel fir d’ADR.

Deel dëse Post: