Kriminalitéit zu Lëtzebuerg: D’Regierung wëll keng Transparenz

Den ADR-Süddeputéierten huet schonn eng sëllege parlamentaresch Froe gestallt am Hibléck op d’Kriminalitéit zu Lëtzebuerg. De Policeminister weess deemno vu näischt an huet och keng Statistiken. Datt d’Regierung an deem Kontext seet, si wéilt d’Enquête net beaflossen erschéngt ewéi eng bëlleg Ausried.

  • Kann de Policeminister erklären, a wéiwäit eng Meldung, ewéi z.B. “am Stater Park ass eng Fra iwwerfall ginn” oder “op der Gare ass en Jugendleche bedroht ginn an huet missen säin Handy ofginn” eng Enquête beaflosse kann?

Dëst ass eng berechtegt Fro vum Fred Keup an et däerf een op d’Äntwert gespaant sinn. Well de Policeminister, wéi et schéngt, näischt weess, huet den ADR-Deputéierten dann och emol bei der Justizministesch nogefrot. Hei fannt Dir déi zwou parlamentaresch Froe vum Fred Keup:

Deel dëse Post: