Krich an der Ukrain: Fir eng Politik vum Aemooss!

D’ADR verurteelt de russeschen Amarsch an d’Ukrain op d’Schäerfst. Mir hunn et hei mat engem klore Broch vum Vëlkerrecht ze dinn. Den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser mécht a senger Interventioun vum 1. Mäerz dann och dräi Elementer däitlech:

  1. Lëtzebuerg befënnt sech net an engem Krich géint Russland.
  2. D’ADR ënnerstëtzt déi Lëtzebuerger Materialliwwerungen un d’Ukrain, esou laang et sech net ëm letal Waffen handelt.
  3. D’ADR schwätzt sech kloer dogéint aus, datt am Kader vum Ukrain-Krich Medie solle verbuede ginn. Zensur ass net ze toleréieren an d’Informatiounsfräiheet vum Bierger muss erhale bleiwen.
Deel dëse Post: