Kréien d’Baueren a Wënzer onnéideg Steng an de Wee geluecht?

D’Baueren a Wënzer kënne vun dësem Joer un hire Flächenantrag just nach iwwert den digitale Wee areechen. Et ass dëst awer eng komplizéiert Prozedur a vill concernéiert Leit fillen sech eleng gelooss an iwwerfuerdert. Et däerf an deem Kontext net zu Diskriminatioune bei bürokratesche Prozedure kommen, besonnesch wann ee bedenkt, datt Privatpersounen z.B. hir Steiererklärung nach ëmmer manuell areeche kënnen. Den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen brécht an deem Sënn eng Lanz fir eis Baueren a Wënzer.

Deel dëse Post: