Kréie mir geschwënn och nach Klimaasylanten?

De 27. Juli huet d’Madamm Ëmweltminister Dieschbourg déi nei “Klimastrategie” vun der Regierung virgestallt. Wéi sou oft solle vill Sue lénks a riets verdeelt ginn, en Ëmstand deen d’Regierung och schonn a verschiddenen Äntwerten op parlamentaresch Froe vum Fred Keup huet missen zouginn. Lo allerdéngs bréngt si en “neien ale” Begrëff an d’Diskussioun an. Dee vun der “Klimamigratioun”. U sech e Phenomen, dee sou al ass wéi d’Mënschheet selwer. D’Leit hunn ëmmer rëm mat Auswanderung op natierlech Klimaschwankunge reagéiert, zum Beispill wärend den Äiszäiten. Mee wat fir eng Bedeitung verstoppt sech an haitegen Zäiten, wou de Begrëff “Migratioun” politesch an engem ni gekannte Moos ideologiséiert an och nach mat der Fro vum Asylrecht vermëscht gëtt, konkret hannert dësem Ausdrock?

Hannergrond:

Deel dëse Post: