Kréie mir geschwënn och nach en individuellen CO2-Budget?

Sou wéi d’Lëtzebuerger Wort et schreift, gëtt an Irland schonn diskutéiert, all Bierger en individuellen CO2-Budget zouzeweisen. Wa si méi CO2 ausstoussen, wéi hinnen no dësem Budget zougewise gouf, mussen se Strof bezuelen. U sech eng souverän Ugeleeënheet vum iresche Vollek, mee mir wëssen zu Lëtzebuerg jo, wéi gären eis Regierung friem Iddie klaue geet, fir se als hir eegen ze verkafen. Wéi also steet si zu dëser Initiativ – mussen d’Bierger sech geschwënn op nach méi Gedirängels astellen?

Deel dëse Post: