Ëmmer méi dacks loossen sech Kormoranen hei zu Lëtzebuerg nidder fir ze bridden. Kormoranen si effizient Fësch-Jeeër – an deem Kontext stellt sech d’Fro ob si schonn eng Gefor fir eisen Ökosystem duerstellen. D’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen hunn nogefrot.
Här President,
sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.
An de leschte Jore konnt ee feststellen, datt d’Kormoranen (Phalacrocorax carbo) zu Lëtzebuerg net nëmmen an de Wanterméint unzetreffe sinn, fir hei ze iwwerwanteren, mee sech och ëmmer méi heefeg an de Summerméint hei am Land versammelen, fir hei ze bridden. Well de Kormoran en effiziente Fësch-Jeeër ass (säin deegleche Bedarf u Fësch läit tëscht 400 a 600 Gramm), üübt seng Präsenz ëmmer méi Drock aus op de lokalen Ökosystem vun eise Gewässer. D’Kormorane fannen sech net nëmmen un de grousse Flëss, ewéi der Musel oder der Sauer, mee sinn och bei quasi all Typ vu Gewässer, sief dat Séien oder Däicher, erëmzefannen, wou si eis heemesch Fëschbestänn joen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°2537 vum Här Gusty Graas vum Juli 2020 huet déi deemoleg Ëmweltministerin Carole Dieschbourg präziséiert, datt d’Kormoranen duerch eng europäesch Direktiv (2009/147/CE) geschützt sinn an datt méiglech Derogatiounen zu där besoter Direktiv just da méiglech sinn, wa sech effektiv Problemer géife stellen am Hibléck op de Schutz vun eisen heemeschen Ökosystemer. An deem Kontext wier et intressant ze wëssen, wéi sech d’Präsenz vun de Kormoranen zënter deem entwéckelt huet an ob eventuell elo eng Drénglechkeet virläit, fir d’Populatioun vun de Kormoranen zu Lëtzebuerg ze kontrolléieren, respektiv ze reguléieren.
An deem Kontext hätte mir follgend Froen un den Här Ëmweltminister:
- Gi reegelméisseg Daten erfaasst zu der Evolutioun vun der Populatioun vun de Kormoranen zu Lëtzebuerg? Wa jo, wéi huet sech d’Populatioun vun de Kormoranen zënter 2020 bis elo entwéckelt? Kann den Här Minister an deem Kontext confirméieren, datt d’Kormoranen sech zanter 2020 substantiell am Land ausgebreet hunn?
- Besteet an den Ae vum Här Minister eng Gefor, datt d’Kormoranen en negativen Impakt op eis Fëschbestänn hunn, respektiv en negativen Impakt op d’Ökosystemer zu Lëtzebuerg? Wa jo, wéi gedenkt den Ëmweltministère elo ze reagéieren? Ass den Här Minister der Meenung, datt op Basis vun de viregten Äntwerten eng Kontroll, bzw. eng Reguléierung vun der Populatioun vun de Kormoranen néideg ass? Wa jo, wéi wëll den Här Ëmweltminister hei genau virgoen?
Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos / Jeff Engelen