Konzessiounsvertrag vun RTL gëtt an der Mediekommissioun vun der Chamber presentéiert

Op laangjäregen Drock vun der ADR an anere Parteie an no engem Urteel vum Verwaltungsgeriicht, réckelt d’Regierung elo mam Konzessiounsvertrag vun RTL eraus. D’Detailler aus dësem Vertrag si bis ewell geheim gehale ginn.

Schonn am Mäerz 2017 hat den ADR-Deputéierte Roy Reding an enger Motioun an der Chamber verlaangt, dee Vertrag opzeleeën.  Eng Majoritéit huet dës Motioun, déi einstweilen op Äis luch, Enn Januar 2021 an der Chamber verworf. Obwuel och aner Parteien de Wonsch ausgedréckt hunn, Asiicht an dat Dokument ze kréien, huet d’Majoritéit mat enger Stëmm dëse Wonsch verwiert.. De Xavier Bëttel als Medieminister hat gëschter Post vun deene véier ADR-Deputéierten, déi nees Asiicht an de Konzessiounsvertrag gefuerdert hunn. An e puer Deeg nodeems seng Majoritéit nach géint d’Oppeleeë vun deem Dokument gestëmmt hat, fällt de Premier ëm: Haut kënnegt hien un, de Vertrag de Membere vun der Mediekommissioun am Parlament ze weisen.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet schonn 2017 an enger Motioun Abléck an de Konzessiounsvertrag gefrot.

Hei sinn d’Bréiwer vun den ADR-Deputéierten un de Medieminister Xavier Bettel:

 

Deel dëse Post: